Mir sichen 1 ERGOTHERAPEUT (M/F) fir Deelzäitaarbecht (50%) mat onbefristetem Aarbechtskontrakt

  • Post Category:Jobs

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 200 Mataarbechter eng spézialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt :

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 30 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de jour spécialisé deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit,

déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

Mir sichen ab dem 1. Maërz 2020 fir d’ Rééducation Fonctionnelle Gériatrique

1 ERGOTHERAPEUT (M/F)

fir Deelzäitaarbecht (50%), mat onbefristetem Aarbechtskontrakt

 

Äre Profil :           

  • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Letzebuerg unerkannten Diplom an der Ergotherapie mat der Autorisatioun zu Lëtzebuerg dierfen ze schaffen.
  • Dir verstidd, an kennt Iech an op mannst 2 vun den zu Lëtzebuerg gebrauchte Sproochen ausdrécken, wouvun eng Lëtzebuergesch ass.

 

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprëcht de Viraussetzungen, da schéckt eis bis spéitstens den 7te Februar 2020 Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie vun den Zertifikater an enger rezenter Foto un folgend Adress :

Hôpital Intercommunal de Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
oder per email un : recrutement@his.lu