Fir eise Service « Hôtellerie » ze verstärken, siche mir een : 

AGENT DE RESTAURATION POLYVALENT (M/W)

fir Deelzäitaarbecht (50% oder 75%) op onbestëmmten Zäit (CDI)

 Als integralen Deel vum Service “Hôtellerie” dro Dir dozou bäi onse Clienten am Restaurant dee beschtméigleschten Openthalt ze garantéieren. Dir suergt fir den deeglechen Amenagement vum Iesssall an Dir servéiert d’Résidenten um Dësch, dëst an enker Zesummenaarbecht mat der Fleege- an Animatiounsekipp. 

Är Responsabilitéiten : 

  • D’ Material an Raimlechkeete vun der Restauratioun an der Kichen ënnerhalen, botzen a raumen
  • D’Spull vum Kachgeschir (port de charges lourdes), a Porzeläin
  • D’Reglementer, HACCP-Reegelen a Prozeduren vum Betrib applizéieren
  • De Service am Restaurant, der Cafeteria oder aner Iesssäll / Raimlechkeete vum HIS assuréieren, dëst vum Kaffisdësch bis zum Owesiessen. Esou wei vun der Virbereedung vum Sall bis zum ofraumen vum Dësch
  • Der Kiche bei der Preparatioun vun de Buffeten, kale Platen, Desserten a bei dem portionéiere vun de Plate fir d’Iessen op Rieder hëllefen
  • Eng gutt Relatioun a Kommunikatioun mat de Clientë sécherstellen andeems dir hinnen nolauschtert, Froen an all Kommentaren oder Reklamatioune beäntwert
  • Opfëlle vum jeeweilege Material a Produkter wat an deene verschiddene Servicer gebraucht gëtt

Äre Profil : 

  • Dir hutt 2 Joer Erfahrung am Restauratiounsberäich
  • Dir beherrscht beschtens déi lëtzebuergesch a franséisch Sprooch, all zousätzlech Sproochekenntnisser wiere vu Virdeel
  • Dir kënnt iech aus mat den Hygiènespraktiken (HACCP)
  • Dir hutt gutt Capacitéiten an der Veraarbechtung vun Informatiounen, Organisatioun, Service um Client

 Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, enger Kopie vu den Zertifikater an enger rezenter Foto. Wann Dir op en Job Interview invitéiert gitt, muss e Casier judiciaire virgeluecht ginn. 

Hôpital Intercommunal de Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
oder per email : recrutement@his.lu