Mir siche verschidden AIDE SOCIO FAMILIAL (M/W) fir Deelzäitaarbecht op bestëmmten Zäit (CDD)

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 210 Mataarbechter eng spezialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt : 

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de Jour psycho-gériatrique deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

Mir sichen verschidden

AIDE SOCIO FAMILIAL (H/F)
fir Deelzäitaarbecht op bestëmmten Zäit (CDD)

Äre Profil :

Ø Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkanntem
Diplom,
deen dem gesichte Profil entsprécht

Ø Dir hutt Beruffserfahrung am Beräich
vun der Prise en charge an der Gériatrie

Ø Dir verstitt a schwätzt zwou vun
den dräi zu Lëtzebuerg gebräichleche Sproochen, dorënner Lëtzebuergesch

Ø Dir hutt e Sënn fir Organisatioun
an Dir sidd hëllefsbereet a flexible

Ø Dir kënnt gutt mat Mënschen ëmgoen
an hutt e gudden Equipegeescht

 

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie
vun den Zertifikater an enger rezenter Foto un folgend Adress 

Hôpital Intercommunal de Steinfort,

à l’attention de Monsieur le Président

1 rue de l’Hôpital,

L-8423 Steinfort

Oder per email un : recrutement@his.lu