Fir eise Centre de jour spécialisé ze verstärken, siche mir een :

 

INFIRMIER (M/W)

fir Deelzäitaarbecht (75%) op onbestëmmten Zäit (CDI)

Als integralen Deel vun der interdisziplinärer Ekipp, drot Dir zur Gesamtversuergung vun de Seniore bäi andeems Dir Soin’en ubitt. Är Haaptmissioun ass dofir ze suergen datt d’Autonomie vum Senior ugereegt gëtt an d’Regele vun der Hygiène a Sécherheet ëmgesat a strikt respektéiert ginn.

Är Responsabilitéiten :

  • Eng global Seniorefleeg assuréieren
  • Eng enk Zesummenaarbecht mat den anere Membere vun der interdisziplinärer Ekipp an dem Senior sengem Entourage, fir eng bëscht méiglech Betreiung ze garantéieren
  • Dir schafft selbstänneg, huelt Initiativen a proposéiert nei Iddien an ärem Aktivitéitsberäich
  • D‘Fleeg vun de Seniore plangen an duerchféieren am Respekt vun der Persoun
  • Anhalen vun der gëlteger Gesetzgebung an der professioneller Praktik
  • Zu der Evolutioun vun de Beruffspraktike bäidroen
  • Den Transport vun onsere Seniore mam Minibus an den Nopesch Gemengen assuréieren

Äre Profil :

  • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier mat enger Autorisation d‘exercer
  • Dir beherrscht beschtens déi lëtzebuergesch a franséisch Sprooch. All aner Sproochkenntnisser si vu Virdeel
  • Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin (Permis B)
  • Dir sidd organiséiert, hëllefsbereed a flexibel
  • Dir hutt e gudden Ëmgang mat Senioren an dir fillt Iech wuel an der Zesummenaarbecht mat enger eelerer Persoun mat cognitiver Beanträchtegung

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, enger Kopie vu den Zertifikater an enger rezenter Foto. Wann Dir op en Job Interview invitéiert gitt, muss en Extrait aus dem Casier judiciaire virgeluecht ginn.

Hôpital Intercommunal de Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
Oder per email : recrutement@his.lu