INFIRMIER (M/W)
Fir eisen Hôpital de Jour ze verstärken, siche mir een :
INFIRMIER (M/W)
fir Deelzäitaarbecht (50%) op bestëmmten Zäit (CDD)
Als integralen Deel vun der interdisziplinärer Ekipp, drot Dir zur Koordination vun der Gesamtversuergung vun de Patienten bäi. Är Haaptmissioun ass dofir ze suergen datt d’Autonomie vum Patient ugereegt gëtt an d’Regele vun der Hygiène a Sécherheet ëmgesat a strikt respektéiert ginn.
Är Responsabilitéiten :
- Eng global Patientefleeg assuréieren a koordinéieren
- Eng enk Zesummenaarbecht mat den anere Membere vun der interdisziplinärer Ekipp an dem Patient sengem Entourage, fir eng bëscht méiglech Betreiung ze garantéieren
- D‘Fleeg vun de Patiente plangen an duerchféieren am Respekt vun der Persoun, vun der professioneller Praktik an der gëlteger Gesetzgebung
- Zu der Evolutioun vun de Beruffspraktike bäidroen
Äre Profil :
- Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier mat enger Autorisation d‘exercer
- Dir fillt Iech wuel am Ëmgang mat enger eelerer Persoun
- Dir beherrscht beschtens déi lëtzebuergesch a franséisch Sprooch. All aner Sproochkenntnisser si vu Virdeel
- Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin (Permis B)
- Dir sidd organiséiert, hëllefsbereed a flexibel an dir hutt mënschlech Relatiounen an Ekippenaarbecht gären
Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, enger Kopie vu den Zertifikater an enger rezenter Foto. Wann Dir op en Job Interview invitéiert gitt, muss en Extrait aus dem Casier judiciaire virgeluecht ginn.
Hôpital Intercommunal de Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
Oder per email : recrutement@his.lu