Fir eis Unité d’Hospitalisation an der Rééducation gériatrique ze verstärken, siche mir verschidden :

INFIRMIEREN (M/W)

fir Deelzäitaarbecht (75%) op onbestëmmten Zäit (CDI)

Als integralen Deel vun der interdisziplinärer Ekipp, drot Dir zur Gesamtversuergung vun de Patienten bäi andeems Dir hinnen déi noutwenneg Soin’en ubitt. Är Haaptmissioun ass et sech ze vergewësseren datt d’Autonomie vum Patient ugereegt gëtt an d’Regele vun der Hygiène a Sécherheet ëmgesat a strikt respektéiert ginn.

Är Responsabilitéiten :

  • Eng global Fleeg vun de Patienten assuréieren
  • Eng enk Zesummenaarbecht mat den anere Membere vun der interdisziplinärer Ekipp an dem Patient sengem Entourage, fir eng bescht méiglech Betreiung ze garantéieren
  • D‘Fleeg vun de Patiente plangen an duerchféieren am Respekt vun der Persoun, vun der professioneller Praktik an der gëlteger Gesetzgebung
  • Duerch Abanne, an an enker Zesummenaarbecht mat der Famill am Fleegeplang, mat dem Ziel de Patient zréck an säi fréiert Liewensëmfeld ze begleeden
  • D’Studenten an déi nei Mataarbechter betreien an ausbilden
  • Zu der Evolutioun vun de Beruffspraktike bäidroen

Äre Profil :

  • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier mat enger Autorisation d‘exercer
  • Dir fillt Iech wuel am Ëmgang mat enger eelerer Persoun
  • Dir beherrscht beschtens déi lëtzebuergesch Sprooch. Déi Franséisch an all aner Sproochkenntnisser si vu Virdeel
  • Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin (Permis B)
  • Dir sidd organiséiert, hëllefsbereed a flexibel an dir hutt mënschlech Relatiounen an Ekippenaarbecht gären

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, enger Kopie vu den Zertifikater an enger rezenter Foto. Wann Dir op en Job Interview invitéiert gitt, muss en Extrait aus dem Casier judiciaire virgeluecht ginn.

Hôpital Intercommunal de Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
oder per email  : recrutement@his.lu