KLINESCH PSYCHOLOGEN (M/W)
Fir eis interdisziplinär Ekipp ze verstärken, siche mir een oder verschidde :
KLINESCH PSYCHOLOGEN (M/W)
fir Deelzäitaarbecht (75%, 50% oder 25%) op onbestëmmten Zäit (CDI)
An Zesummenaarbecht mat den interdisziplinären Ekippen vun eiser Rééducation Gériatrique oder eiser Maison de soins, hutt Dir als Missioun déi Eeler Persoun an hirem Leiden, schwierege Situatiounen oder Blockagen ze begleeden an ze hëllefen fir den Ekiliber am deegleche Liewen erëm ze fannen.
Är Responsabilitéiten :
- Individuell- a Gruppen-therapie plangen an organiséieren
- En Iwwerbléck iwwer déi verschidden Therapien hunn
- Bei der Definitioun vu gemeinsamen Ziler fir eng global Betreiung vun de Seniore mat-schaffen, andeems Dir Deel vun der interdisziplinärer Ekipp sidd
- Ënnerstëtzung vun de Soignant’en vis-à-vis vun schwierege Situatiounen, deenen Sie an hirem professionellen Ëmfeld begéint sinn
- Patiente mat mentale Pathologien unhuelen, dorënner reaktiv Depressiounen am Zesummenhang vun engem Accident am Liewen (kardiovaskulär Accident , Amputatioun, asw.)
Äre Profil :
- Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannte Master an der Psychologie clinique oder all aner Domaine deen als gläichwäerteg ugesi gëtt
- Dir hutt 5 Joer Erfahrung als Psycholog an der Gériatrie
- Dir beherrscht beschtens déi lëtzebuergesch a franséisch Sprooch. All aner Sproochekenntnisser wiere vu Virdeel
- Dir hutt gutt Kenntnisser am Beräich vun der systemescher Therapie fir eeler Leit
- D’Erfahrung am Beräich vun der Psychiatrie gëtt als Virdeel ugesinn
- Dir hutt gutt Fäegkeeten fir en Iwwerbléck z’entwéckelen, Léisungen ze fannen, dem Patient / Kollaborateur ze déngen, Erfahrung asëtzen, Stress an Equiliber ze geréieren
Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, enger Kopie vu den Zertifikater an enger rezenter Foto. Wann Dir op en Job Interview invitéiert gitt, muss e Casier judiciaire virgeluecht ginn.
Hôpital Intercommunal de Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
Oder per email : recrutement@his.lu