Mir siche een KONSCHT THERAPEUT (M/W) fir Deelzäitaarbecht (50%) op onbestëmmten Zäit (CDI) am Service Rééducation fonctionnelle gériatrique

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 210 Mataarbechter eng spezialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt : 

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de Jour psycho-gériatrique deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

Mir siche een

KONSCHT THERAPEUT (H/F)

fir Deelzäitaarbecht op onbestëmmten Zäit (CDI) am Service Rééducation fonctionnelle gériatrique

Är Missiounen :

  • Dir stellt eng Konscht therapeutesch Diagnos op an droot zur Differentialdiagnos bäi
  • Dir benotzt artistesch Mediatiounstechniken
  • Dir setzt déi entdeckte Signaler vu Probleemer em an déi proposéiert artistesch Techniken an Kohärenz
  • Dir sidd aktive Nolauschterer
  • Dir schafft d’Konditioune fir e Prozess vun Evolutioun, Ännerung an Entwécklung andeems Dir en therapeutesche Plang opstellt
  • Dir evaluéiert an dokumentéiert de Fortschrëtt um Kognitiven Niveau, souwéi dem Patient seng Verteidegungsmechanismen a Ressourcen duerch seng artistesch Ausdreck
  • Dir setzt Adaptatiounsstrategien op, déi zum Erreeche vun den gesatenen Ziler bäidroen, an Zesummenaarbecht mat den aneren Spriecher vum interdisziplinären Team an de Betreiber doheem (Participatioun un Reuniounen, Transmissiounen, Koordinatioun mat aneren Memberen an de Grenze vum Respekt vum Beruffsgeheimnis)
  • Dir bedeelegt Iech un der Informatioun d’Nolauschteren an d’Ënnerstëtzung vun de Familljen
  • Dir vermëttelt mëndlech a schrëftlech Informatiounen iwwer d’Aktivitéiten
  • Dir bedeelegt Iech un der Formatioun an Entwécklung vun der Multidisziplinärer Equipe
  • Dir maacht administrativ Aufgaben am Zesummenhang mam Aktivitéitsberäich

Äre Profil :

  • Dir sidd am Besëtz vun engem Master als am Bereich
  • Dir hutt eng éischt Erfaarung an dësem Beruff an am Ëmgang mat geriatresche Problemer
  • Dir hutt e liichten Ëmgang mat eelere Leit, an Dir kënnt eng therapeutesch Diagnos festellen
  • Är Approche zentréiert sech op de Patient a seng Bedierfnesser
  • Dir wësst wéi Dir Grenze setzt an Distanzen anhaalt
  • Dir sidd fäeg Kontakt opzebauen an eng Vertrauensrelatioun ze kreéieren
  • Dir sidd autonom an Ärer Aarbecht, kënnt awer gutt an enger Multidisziplinärer Equipe matwierken
  • Dir schwätzt perfekt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie vun
den Zertifikater an enger rezenter Foto un folgend Adress

Hôpital Intercommunal de Steinfort,

à l’attention de Monsieur le Président

1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort

Oder par email : recrutement@his.lu