Mir sichen een EDUCATEUR (M/W) fir Deelzäitaarbecht op bestëmmten Zäit (CDD)

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 210 Mataarbechter eng spezialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt.

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de Jour psycho-gériatrique deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

 Mir sichen fir ons Maison de Soins fir direkt oder no Ofsprooch

EEN EDUCATEUR (M/W)

fir Deelzäitaarbecht op bestëmmten Zäit (CDD)

 

Äre Profil :

Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur diplômé

Dir fillt Iech wuel am Ëmgang mat enger eelerer Persoun

Dir hutt e Sënn fir Organisatioun an Dir sidd hëllefsbereet a flexibel

Dir kënnt gutt mat Mënschen ëmgoen an hutt e gudden Equippegeescht

Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin

Dir verstidd, an kennt Iech an op mannst 2 vun den zu Lëtzebuerg gebrauchte Sproochen ausdrécken, wouvun eng Lëtzebuergesch ass (niveau B2)

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie vun den Zertifikater an enger rezenter Foto un folgend Adress:

Hôpital Intercommunal de
Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort

Oder per email un : recrutement@his.lu