Mir sichen een : RESPONSABEL HOTELLERIE & FACILITY MANAGEMENT(M/W) Fir Vollzäitaarbecht op onbestëmmten Zäit (CDI)

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 210 Mataarbechter eng spezialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt.

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de Jour psycho-gériatrique deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

Mir sichen een:

                                                 RESPONSABEL HOTELLERIE & FACILITY MANAGEMENT(M/w)

Fir Vollzäitaarbecht op onbestëmmten Zäit (CDI)

Är Missiounen :

  • All ons Leeschtungen am Beräich vun der Hotellerie an dem Facility Management geréieren a kontinuéierlech weiderentwéckelen, mat deenen zur Verfügung stoende Mëttelen, fir de steigenden Erwaardunge vun onse Clienten weider gerecht ze ginn
  • Fir déi beschtméiglechst Ausnotzung vun de Gebailechkeeten an den Equipementer suergen a sech vergewësseren dass déi noutwendege Entretiens- a Maintenanceaarbechten duerchgefouert ginn, esou wéi Verbesserungsvirschléi virbereeden, am Respekt vun den zur Verfügung stoende budgetäre Moyenen
  • D’Organisatioun, d’Iwwerwaachung an d’Receptioun vun den Aarbechten duerch extern Firmen an Déngschtleeschter am Beräich vun de Gebailechkeeten, Hotellerie an Baussenanlagen, esou wéi d‘Gestioun vun de Kontrakter mat den externe Prestatairen a Fournisseuren
  • Ausschaffe vun deenen noutwendege Cahiers de charges an Appel d’offres
  • Ausschaffe vun den néidege Prozeduren an Duerchféierung vun Qualitéitskontrollen am Zesummenhang mat de verschiddene Prozesser am Beräich vun der Hotellerie a vum Facility Management, am Respekt vun allen Hygiènes- a Sécherheetsmoossnamen
  • Matschaffen bei der Planung an Duerchféierung vun Ëmbauaarbechten an Neibauten
  • D’Organisatioun vun interne Veranstaltungen a vun de verschiddene Fester fir ons Bewunner

Äre Profil :

  • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom, Niveau Bachelor, am Beräich vun der Hotellerie, enger technescher Ausbildung, Facility management oder Logistik
  • Dir hutt eng éischt Erfarung an dësem Beruff, an Dir kënnt och nach op zousätzlech Kenntnisser aus dem Spidolswiesen oder aus engem Ëmfeld mat eelere Persounen zeréckgräifen
  • Dir schwätzt perfekt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch
  • Dir verstitt et eng Grupp vun Mataarbechter ze leeden an ze motivéieren
  • Engagement, Responsabilitéit, Flexibilitéit esou wéi Polyvalenz gehéieren zu äre Kompetenzen
  • Dir kënnt autonom a selbstänneg schaffen

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie vun den Zertifikater an enger rezenter Foto un folgend Adress :

Hôpital Intercommunal de Steinfort, à l’attention de Monsieur le Président

1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort (Oder per email un : recrutement@his.lu)