Mir sichen : EEN ERGOTHERAPEUT AN KINESITHERAPEUTEN Fir Deelzäitaarbecht op onbestëmmten Zäit (CDI)

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 210 Mataarbechter eng spezialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt.

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de Jour psycho-gériatrique deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

Mir sichen ab dem 1. Oktober 2021 fir d’Rééducation Fonctionnelle Gériatrique

 

EEN ERGOTHERAPEUT (m/f)

fir Deelzäitaarbecht (75%) op onbestëmmten Zäit

Äre Profil :

  • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom an der Ergotherapie mat der Autorisatioun zu Lëtzebuerg dierfen ze schaffen.
  • Dir verstidd, an kennt Iech an op mannst 2 vun den zu Lëtzebuerg gebrauchte Sproochen ausdrécken, wouvun eng Lëtzebuergesch as.

 

KINESITHERAPEUTEN (m/f)

fir Deelzäitaarbecht (50% oder 75%) op onbestëmmten Zäit

Äre Profil :

  • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom an der Kinésithérapie mat der Autorisatioun zu Lëtzebuerg dierfen ze schaffen.
  • Dir verstidd, an kennt Iech an op mannst 2 vun den zu Lëtzebuerg gebrauchte Sproochen ausdrécken, wouvun eng Lëtzebuergesch as.

 

 

Interesséiert Dir Iech fir ee vun dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis bis spéitstens den 6ten August 2021 Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie vun den Zertifikater an enger rezenter Foto un folgend Adress :

Hôpital Intercommunal de Steinfort,

à l’attention de Monsieur le Président

1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort

Oder per email un : recrutement@his.lu