Mir sichen een NEUROPSYCHOLOG (M/W) Fir Deelzäit (50%) op onbestëmmten Zäit (CDI) am Service Rééducation fonctionnelle gériatrique

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 210 Mataarbechter eng spezialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt.

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de Jour psycho-gériatrique deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.

Mir sichen :

EEN NEUROPSYCHOLOG (M/W)

Är Missiounen :

Dir erstellt eng neuropsychologesch Bewäertung vum Patient op Basis vu klineschen Entretienen a standardiséiert a validéierte psychometreschen Tools

Dir féiert Gespréicher mat dem Patient an der Famill fir hir Bedierfnisser ze verstoen a gemeinsam Verhalensstrategien an therapeutesch Ziler festzeleeën

Dir bedeelegt iech un de reegelméissegen interdisziplinäre Berodungen mat dem medezineschen an therapeutesche Personal fir een ugepassten Therapieplang mat individuellen therapeuteschen Ziler opzestellen

Dir schreift är neuropsychologesch Berichter an den informatesche Patientendossier an, a vermëttelt mëndlech a schrëftlech Informatiounen un de Patient a seng medezinesch Uspriechpartner

Dir bitt dem Patient psychologesch Betreiung un, duerch Nolauschteren, Informatioun an Ënnerstëtzung

Dir ënnerstëtzt onst interdisziplinärt Team duerch Berodung a Formatioun an ärem Domaine, representéiert onse geriatresche Rehabilitatiounszentrum duerch deelhuelen un Konferenzen a Publizéiere vun Artikelen am Domaine vun der Neuropsychologie an der geriatrescher Rehabilitatioun

Dir encadréiert Stagiairen am Beräich vun der Neuropsychologie an drot an ärem Kompetenzberäich zur Ëmsetzung vun de strategeschen Ziler vum HIS bäi

Äre Profil :

Ø Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom, als Psycholog, mat enger Spezialisatioun an der Neuropsychologie

Ø Dir hutt eng éischt Erfarung an dësem Beruff an am Ëmgang mat geriatresche Problemer

Ø Dir schwätzt perfekt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch

Ø Dir hutt e liichten Ëmgang mat eelere Leit, an Dir beherrscht déi Methode fir eng neuropsychologesch Diagnos zu erstellen, déi zu enger Rehabilitatioun bäidroe kann

Ø Dir sidd autonom an Ärer Aarbecht, kënnt awer gutt an enger interdisziplinärer Equipe matwierken.

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie vun den Zertifikater an enger rezenter Foto un folgend Adress 

 

Hôpital Intercommunal de Steinfort,

à l’attention de Monsieur le Président

1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
Oder per email un : recrutement@his.lu