Fir eis Maison de soins ze verstärken, siche mir een :

AIDE SOCIO-FAMILIAL (M/W)

fir Deelzäitaarbecht (75%) op onbestëmmten Zäit (CDI)

Als integralen Deel vun der interdisziplinärer Ekipp, drot Dir zur Gesamtversuergung vun de Senioren an hirem Alldag bäi. Är Haaptmissioun ass d’Ënnerstëtzung, d’Hëllef an d’Participatioun an der Fleeg a bei den Aktivitéiten, ënner der Opsiicht vun engem Gesondheets- oder sozio-pädagogesche Spezialist.

Är Responsabilitéiten :

  • D’Senioren begleeden, hëllefen an ënnerstëtzen an den Aktivitéite vum Alldag
  • Dir sidd eng polyvalent Hëllef bei der kierperlech Hygiène, Ernährung, Mobilitéit, Orientéierung an moralesch Ënnerstëtzung
  • Sech un der deeglecher Begleedung vun de Senioren an hire Famillje bedeelegen
  • Fräizäit a kulturell Aktivitéite mat de Senioren tätegen
  • D’Observatiounen an d’Informatiounen der interdisziplinär Ekipp matdeelen an d’Vertrauensrelatioun mam Senior erhalen
  • Gemeinsam Ziler definéieren, zesumme mat deenen anere Beruffsgruppen, fir eng global Prise en charge  Begleedung vun de  Senioren
  • Den Dossier vum Patient à jour halen an all Aktiounen a Prestatioune déi gemaach goufen aschreiwen
  • D’Besoin’en an d‘Erwaardunge vun de Senioren am spezifeschen Fachgebitt identifizéieren

 

Äre Profil :

  • Dir sidd am Besëtz vun engem Certificat aux fonctions d’aide socio-familiale
  • Eng Erfahrung am Domaine vun der Gériatrie ass vu Virdeel
  • Dir beherrscht beschtens déi lëtzebuergesch Sprooch. Déi Franséisch an all aner Sproochekenntnisser sin vu Virdeel
  • Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin (Permis B)
  • Dir sidd organiséiert, hëllefsbereed a flexibel an dir hutt mënschlech Relatiounen an Ekippenaarbecht gären

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, enger Kopie vu den Zertifikater an enger rezenter Foto. Wann Dir op en Job Interview invitéiert gitt, muss en Extrait aus dem Casier judiciaire virgeluecht ginn.

Hôpital Intercommunal de Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
oder per email : recrutement@his.lu