DEN HIS SICHT VERSCHIDDEN AIDE-SOIGNANTEN (M/W)

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 223 Mataarbechter eng spezialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt :

 

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de Jour spécialisé deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.  

 

Fir eis Equippen ze verstäerken, siche mir verschidden

AIDE-SOIGNANTEN (M/W)

fir Vollzäit oder Deelzäitaarbecht op onbestëmmten Zäit (CDI) oder bestëmmten Zäit (CDD)

 

Äre Profil :

    • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Aide-soignant
    • Dir fillt Iech wuel am Ëmgang mat enger eelerer Persoun
    • Dir hutt e Sënn fir Organisatioun an Dir sidd hëllefsbereet a flexibel
    • Dir kënnt gutt mat Mënschen ëmgoen an hutt e gudden Equippegeescht
    • Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin
    • Dir verstitt, a kennt Iech an op mannst 2 vun den zu Lëtzebuerg gebrauchte Sproochen ausdrécken, wouvun eng Lëtzebuergesch ass (niveau B2)

 

Interesséiert Dir Iech fir ee vun dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie vun den Zertifikater an enger rezenter Foto un folgend Adress :