DEN HIS SICHT ZWEE ORTHOPHONISTEN (M/W)

Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 223 Mataarbechter eng spezialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt :

E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de Jour spécialisé deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden. 

 

Fir eis Equippen ze verstäerken, siche mir zwee

ORTHOPHONISTEN (M/w)

fir Deelzäitaarbecht (50%) op bestëmmten Zäit (CDD) ënnert dem Statut vum Salarié
a fir an Vollzäitaarbecht op bestëmmten Zäit (CDD) ënnert dem Statut vum Indépendant

Är Missioun :

    • D’Beurteele vun de Schléckbeschwerden, der Stëmm, der Kommunikatioun an der Sprooch vun de Patienten an der geriatrescher Réédukatioun (stationär an hôpital de jour)
    • d’Erstellen an d’Emsetzen vun engem logopedesche Réédukatiounsplang
    • d’Iwwerdroe vun all den neidegen Informatiounen (mëndlech a schrëftlech), déi zur Kontinuitéit vun der Fleeg bäidroen
    • Un den institutionelle Projeten deelhuelen

 

Äre Profil :

    • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom (Bachelor) als Orthophoniste mat der Autorisatioun zu Lëtzebuerg dierfen ze praktizéieren
    • Sproochekenntnisser : lëtzebuergesch a franséisch ; all zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
    • Informatesch Basiskenntnisser (Word, Excel)
    • Beruffserfahrung am Spidolssecteur
    • Besonnesch Fäegkeeten : Dir sidd autonom, kapabel fir a Kollaboratioun mat Ären Aarbechtskolleegen Initiativen ze huelen an an enger interdisziplinärer Equipe ze kooperéreiren

Interesséiert Dir Iech fir ee vun dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, enger Kopie vun den Zertifikater an enger rezenter Foto un folgend Adress :