Fir eise Service « Centre médical et thérapeutique » ze verstärken, siche mir ee:
KINÉSITHÉRAPEUTE (M/W)
fir Deelzäitaarbecht (50% - 75%) ënnert dem Statut vum Indépendant
Dir iwwerhuelt eng bestehend Patientèle mat der Méiglechkeet är eegnen Consultatiounen mat ze iwwerhuelen. Dir behandelt all Patiente vun all Alter fir Soin’en an der Kinésithérapie générale.
Äre Profil :
Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Kinésithérapeute mat enger Autorisation d’exercer
Dir beherrscht beschtens déi lëtzebuergesch a franséisch Sprooch, all zousätzlech Sproochekenntnisser wiere vu Virdeel
Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, enger Kopie vu den Zertifikater an enger rezenter Foto. Wann Dir op en Job Interview invitéiert gitt, muss en Extrait aus dem Casier judiciaire virgeluecht ginn.
Hôpital Intercommunal de Steinfort, à l’attention de Monsieur le Président 1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort oder per email : recrutement@his.lu