Fir eis Unité d’Hospitalisation an der Rééducation gériatrique ze verstärken, siche mir een :

INFIRMIER – RESPONSABLE ADJOINT (M/W)

fir Vollzäitaarbecht (100%) op onbestëmmten Zäit (CDI)

Als integralen Deel vun der interdisziplinärer Ekipp, drot Dir zur Gesamtversuergung vun de Patienten bäi andeems Dir hinnen déi noutwenneg Soin’en ubitt. Är Haaptmissioun ass et sech ze vergewësseren datt d’Autonomie vum Patient ugereegt gëtt an d’Regele vun der Hygiène a Sécherheet ëmgesat a strikt respektéiert ginn. Är spezifesch Missioun ass de Responsabel bei der Ausféierung vu sengen Missiounen ze ënnerstëtzen.

Är Responsabilitéiten :

  • D’Ekipp iwwerwaachen, motivéieren an ënnerstëtzen
  • D’Haaptverantwortung vum Responsabel iwwerhuelen am Fall vun senger Absence
  • Eng global Fleeg vun de Patienten assuréieren
  • Eng enk Zesummenaarbecht mat deenen anere Membere vun der interdisziplinärer Ekipp an dem Patient
    sengem Entourage, fir eng bescht méiglech Betreiung ze garantéieren
  • D‘Fleeg vun de Patiente plangen an duerchféieren am Respekt vun der Persoun, no der professioneller
    Praktik an der gëlteger Gesetzgebung
  • D’Studenten an déi nei Mataarbechter betreien an ausbilden
  • Zu der Evolutioun vun de Beruffspraktike bäidroen

Äre Profil :

  • Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier mat enger Autorisation
    d’exercer
  • Dir hutt 3 bis 5 Joër Erfahrung als Infirmier an am Idealfall am Management
  • Dir fillt Iech wuel am Ëmgang mat enger eelerer Persoun
  • Dir beherrscht beschtens déi lëtzebuerger Sprooch. Franséisch an all aner Sproochkenntnisser si vu Virdeel
  • Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin (Permis B)
  • Dir sidd organiséiert, hëllefsbereed a flexibel an dir hutt mënschlech Relatiounen an Ekippenaarbecht gären

Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, enger Kopie vu den Zertifikater an enger rezenter Foto. Wann Dir op en Job Interview invitéiert gitt, muss en Extrait aus dem Casier judiciaire virgeluecht ginn.

Hôpital Intercommunal de Steinfort,
à l’attention de Monsieur le Président
1 rue de l’Hôpital, L-8423 Steinfort
oder per email : recrutement@his.lu